
D’Marie Schreiber hat op der 6. Plaz e Retard vun enger Minutt a 9 Sekonnen. D’Maité Barthels ass als 48. iwwer d’Arrivée gefuer.
An der U23-Kategorie huet d’Marie Schreiber d’Course fir sech entscheet a stoung op der éischter Plaz. De Podium bei den Espoirinne gouf vum Zoe Backstedt an dem Leonie Bentveld komplettéiert. Béid Fuererinnen haten e Réckstand vu 15 respektiv 24 Sekonnen op déi jonk Lëtzebuergerin.

D’Course bei den Häre gouf vum Belsch Eli Iserbyt gewonnen. Hien hat 10 Sekonnen Avance op den Hollänner Lars van der Haar an e Virsprong vun enger Minutt a 29 Sekonnen op de Joris Nieuwenhuis op der 3. Plaz.
Bei der U23 gouf de Noa Berton den 33.. Hien ass 6 Minutten a 34 Sekonnen hannert dem Tibor del Grosso iwwer de wäisse Stréch gefuer.
De Rick Meyländer koum bei de Junioren op déi 32. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten an 41 Sekonnen op de Vainqueur Stefano Viezzi aus Italien. De Yannis Lang an de Lennox Papi hu sech op der 45. a 46. Plaz klasséiert. Si si méi wéi 8 Minutten hannert dem Gewënner ukomm.