Cyclocross zu GavereMarie Schreiber kënnt op déi 12. Plaz, Victoire fir Puck Pieterse
Bei der 10. Manche vun der Coupe du Monde am Cyclocross zu Gavere an der Belsch kënnt d'Marie Schreiber op déi 12. Plaz.
D’Lëtzebuerger Championne hat ee Retard vu 4 Minutten a 17 Sekonnen op d’Gewënnerin Puck Pieterse aus Holland.
Um Podium stounge mam Fem van Empel an dem Ceylin Alvarado nach zwou Hollännerinnen.