17. Editioun vum Festival Elsy JacobsMarie Schreiber mat hirer Ekipp SD-Worx Protime um Depart

Tom Flammang
Den 3. an de 4. Mee gëtt de Festival Elsy Jacobs gefuer. Iwwer déi zwee Deeg stinn zwou eenzel Coursse vun der Kategorie 1.1 um Programm.
Marie Schreiber mat hirer Ekipp SD-Worx Protime um Depart
Den 3. an de 4. Mee gëtt de Festival Elsy Jacobs gefuer. Iwwer déi zwee Deeg stinn zwou eenzel Coursse vun der Kategorie 1.1 um Programm.

E Samschdeg, den 3. Mee gëtt déi éischt Course iwwer 112,4 Kilometer zu Garnech gefuer. Daags drop sinn op engem Parcours ronderëm Zéisseng 121,6 Kilometer ze fueren.

5 World-Tour-Ekippe si bei der Editioun 2025 dobäi. Fir d’FSCL steet eng Mixed-Ekipp Lëtzebuerg/ Éisträich mat ënner anerem dem Liv Wenzel a Maïté a Layla Barthels um Depart. Am Ganze sinn 20 Ekippen engagéiert.

D’Polin Marta Lach, déi d’lescht Joer déi 2 Coursse konnt gewannen, ass och nees gemellt, a fiert dës Saison genee wéi d’Marie Schreiber bei SD-Worx Protime. Si gehéiert och 2025 zu de Favoritten. An der hollännescher Ekipp mat der Lëtzebuerger Championne fiert och d’Femke Gerritse. D’Hollännerin war bei der rezenter Flèche Brabanconne hannert Longo- Borghini a Vos op déi staark 3. Plaz gefuer.

Weider Detailer zu de Coursse ginn et um offizielle Site.

Back to Top
CIM LOGO