Tirreno-Adriatico: 5. EtappMathieu van der Poel wënnt als Solist

RTL Lëtzebuerg
Den Tadej Pogancar, deen um Sonndeg den Zweete gouf, konnt seng Avance am General iwwerdeems weider ausbauen.
© AFP (Archiv)

No der Kinneksetapp vum Samschdeg stoungen um Sonndeg laang 205 Kilometer um Programm. Hei goung et fir d’Coureuren ëm de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets an de Jempy Drucker vu Castellalto op Castelfidardo. Ronn 40 Kilometer virun der Arrivée war et de Mathieu van der Poel, deen un der Spëtzt louch an insgesamt 1 Minutt an 10 Sekonnen Avance hat.

Bei reenerege Wiederkonditiounen war et knapp 15 Kilometer virum wäisse Stréch weiderhin den Hollänner Mathieu van der Poel, dee seng Avance un der Spëtzt weider ausbaue konnt. Do hannendrun hat sech ee Grupp vun 3 Coureuren ëm de Leader Tadej Pogacar vum Rescht ofgesat.

Trotz enger couragéiser Leeschtung vum van der Poel konnt de Pogacar de Réckstand Stéck fir Stéck verklengeren, a sou hat hien 2 an een hallwe Kilometer virun der Arrivée nëmmen nach 40 Sekonne Réckstand op den Hollänner un der Spëtzt. Um Enn konnt de Mathieu van der Poel seng Avance iwwer d’Arrivée verdeedegen a wënnt déi 5. Etapp vum Tirreno-Adriatico. Den Tadej Pogacar, dee sech op de leschte Kilometer an enger ganz staark Form gewisen huet, hat ee Retard vun 10 Sekonnen op de Vainqueur, Drëtte gouf de Wout van Aert.

Am General huet de Pogacar un der Spëtzt eng Avance vun enger Minutt a 15 Sekonnen op de van Aert.

Aus Lëtzebuerger Sicht koum de Kevin Geniets als 83. iwwert d’Arrivée, hien hat ee Réckstand vun iwwer 19 Minutten. De Jempy Drucker gouf den 160. op 27 Minutten an 53 Sekonnen. Am General ass et fir de Geniets elo déi 107. Plaz op iwwer 52 Minutten a fir den Drucker déi 152. Plaz op iwwer eng Stonn an 8 Minutten.

D’Top10

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Alpecin - Fenix 4:48:17
2 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:00:10
3 Wout Van Aert (Bel) Jumbo - Visma 0:00:49
4 Fabio Felline (Ita) Astana - Premier Tech 0:01:26
5 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 0:02:07
6 Davide Formolo (Ita) UAE Team Emirates 0:02:07
7 Tim Wellens (Bel) Lotto Soudal 0:02:18
8 Alessandro De Marchi (Ita) Israel Start-Up Nation 0:02:18
9 Mikel Landa Meana (Esp) Bahrain Victorious 0:02:25
10 Matteo Fabbro (Ita) BORA - hansgrohe 0:02:45

De General

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 22:41:41
2 Wout Van Aert (Bel) Jumbo - Visma 0:01:15
3 Mikel Landa Meana (Esp) Bahrain Victorious 0:03:00
4 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 0:03:30
5 Matteo Fabbro (Ita) BORA - hansgrohe 0:03:54
6 Tim Wellens (Bel) Lotto Soudal 0:04:30
7 João Almeida (Por) Deceuninck - Quick-Step 0:04:42
8 Romain Bardet (Fra) Team DSM 0:05:03
9 Vincenzo Nibali (Ita) Trek - Segafredo 0:05:54
10 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:06:58

Back to Top
CIM LOGO