
Bei schlechte Wiederkonditioune mat vill Reen a schmierege Stroosse konnt sech de Britt aus de Ekipp Visma Lease a Bike virum Kaden Groves aus Australien an dem Hollänner Tibor del Grosso duerchsetzen. Den Del Grosso hat sech op de leschte Kilometer aus dem deziméierte Peloton ofgesat, gouf awer e puer Meter virun der Arrivée nach vu Brennan a sengem eegene Co-Equipier Groves agefaangen. De Brennan ass och éischte Leader.
De Lëtzebuerger Mats Wenzel ass mat engem Retard vu ronn zwou an enger hallwer Minutt als 63. iwwer d’Arrivée gefuer. De Michel Ries gouf den 78. op 2 Minutten 52.