Giro d'Italia: 11. EtappMauro Schmid séchert sech d'Victoire, Bernal bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
De Schwäizer Mauro Schmid huet sech am Sprint géint den Alessandro Covi behaapt. De Leader Bernal hat e Retard vun iwwer 3 Minutten.

Nom Roudag stoung e Mëttwoch déi 11. Etapp am Giro d’Italia um Programm. Iwwer 162 Kilometer ass et vu Perugia op Montalcino gaangen. Op de Schotterstroossen an der Toskana huet sech um Enn de Mauro Schmid behaapt. De Schwäizer huet den Italiener Alessandro Covi am Sprint op déi zweet Plaz verwisen.

Den Egan Bernal hat als 11. e Retard vun 3 Minutten an 9 Sekonnen. De Kolumbianer bleift awer éischten am General. Hien huet eng Avance vu 45 Sekonnen op de Russ Aleksandr Vlasov.

De Mauro Schmid ass d’lescht Joer fir déi Lëtzebuerger Ekipp Leopard Pro Cycling gefuer a war 11. am Tour de Luxembourg ginn.

D’Top 10 vun der Etapp

1 SCHMID Mauro Team Qhubeka ASSOS 4:01:55
2 COVI Alessandro UAE-Team Emirates 0:01
3 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal 0:26
4 DE BONDT Dries Alpecin-Fenix 0:41
5 GUGLIELMI Simon Groupama - FDJ ,,
6 BATTAGLIN Enrico Bardiani-CSF-Faizanè 0:44
7 KLUGE Roger Lotto Soudal 1:23
8 GAVAZZI Francesco EOLO-Kometa 1:37
9 VAN DER HOORN Taco Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 1:43
10 NAESEN Lawrence AG2R Citroën Team 1:59

D’Top 10 vum General

1 1 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 42:35:21
2 3 ▲1 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 0:45
3 7 ▲4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:12
4 6 ▲2 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 1:17
5 9 ▲4 YATES Simon Team BikeExchange 1:22
6 15 ▲9 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe 1:50
7 2 ▼5 EVENEPOEL Remco Deceuninck - Quick Step 2:22
8 4 ▼4 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 2:24
9 18 ▲9 FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 2:49
10 11 ▲1 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 3:15

Quiz

Back to Top
CIM LOGO