
Den Tour duerch Spuenien ass traditionell deen drëtte groussen Tour vun der Saison am Cyclissem. Mam Michel Ries geet ee Lëtzebuerger zu Barcelona un den Depart. Am RTL-Interview huet hien iwwert seng Preparatioun geschwat a wéi et nom d’Giro fir hie weidergaangen ass.
Donieft huet de 25 Joer ale Profi vun Arkea Samsic och seng Meenung iwwert de Favorittekrees ronderëm Evenepoel, Vingegaard a Roglic ginn.