
Den Italiener Matteo Moschetti huet de Massesprint virum Pascal Ackermann fir sech entscheet.
Ronn 22 km virum Zil louche ganzer 4 Coureuren zesummen un der Spëtzt, ënner anerem och de Jempy Drucker. Ma den Avantage vun 13 Sekonne ronderëm de Grupp vum Jempy Drucker sollt net laang bestoe bleiwen, sou dass de Quartett 15 km virum Enn vun der Etapp nees agefaange gouf.
Den Alex Kirsch klasséiert sech mat engem Retard vu 4 Sekonnen als 42. De Jempy Drucker ass nëmme knapps hannert dem Alex Kirsch iwwert d’Zil gefuer, dëst als 45. mat engem Réckstand vun 11 Sekonnen.