Kuurne-Bréissel-KuurneMoscon gefall, geflippt, geschmass an disqualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Gianni Moscon huet beim Klassiker Kuurne-Bréissel-Kuurne emol nees eng Kéier op sech opmierksam gemaach, dat awer net am Positiven.
Moscon gefall, geflippt, geschmass an disqualifizéiert
Den Gianni Moscon huet beim Klassiker Kuurne-Bréissel-Kuurne emol nees eng Kéier op sech opmierksam gemaach, dat awer net am Positiven.

Ronn 53 Kilometer virun der Arrivée war den Italiener an eng Chute verwéckelt. Dëst huet hien esou rose gemaach, dass hien de Vëlo vun engem anere geholl huet an op dëse geheit huet.

De Coureur vun der Ekipp Ineos ass doropshin disqualifizéiert ginn. Wéi hien dëst matkritt huet, huet hien demonstrativ säin Dossard ewechgeheit.

Et ass net déi éischte Kéier, dass de Moscon negativ opfält. Beim Tour de France am Joer 2018 war hien op der 15. Etapp kuerz nom Depart mam Elie Gesbert uneneegeroden. Hei hat hie probéiert, de Fransous mat der Fauscht ze schloen. De Moscon gouf och deemools disqualifizéiert a fir 5 Woche gespaart.

Back to Top
CIM LOGO