Grand Prix d'IsberguesNacer Bouhanni séchert sech d'Victoire am Massesprint

RTL Lëtzebuerg
Den Tom Wirtgen an den Ivan Centrone sinn d'Course net op en Enn gefuer. Bei den Damme konnt sech iwwerdeems d'Chloe Kosking duerchsetzen.

E Sonndeg stoung fir d’Dammen a fir d’Hären a Frankräich de Grand Prix d’Isbergues um Programm.

Hären

Bei den Häre waren op enger Streck iwwer 199,3 Kilometer zwee Lëtzebuerger mat un den Depart gaangen. Den Tom Wirtgen an den Ivan Centrone hunn et awer net bis op d’Arrivée gepackt. Am Massesprint zu Isbergues hat zum Schluss de Fransous Nacer Bouhanni déi séierste Been, dat virum Romain Cardis an dem Timothy Dupont.

D’Top10

1 BOUHANNI Nacer - Team Arkéa Samsic 125 75 4:31:46
2 CARDIS Romain - Team Total Direct Energie 85 55 ,,
3 DUPONT Timothy - Circus - Wanty Gobert 70 40 ,,
4 MOZZATO Luca - B&B Hotels - Vital Concept p/b KTM 60 32 ,,
5 ALLEGAERT Piet - Cofidis, Solutions Crédits 50 28 ,,
6 NÕMMELA Aksel - Bingoal - Wallonie Bruxelles 40 24 ,,
7 JANSE VAN RENSBURG Reinardt - NTT Pro Cycling 35 20 ,,
8 VERMEULEN Emiel - Natura4Ever - Roubaix Lille Métropole 30 18 ,,
9 KIELICH Timo - Alpecin-Fenix 25 16 ,,
10 CARVALHO Andre - Hagens Berman Axeon 20 14 ,,

Dammen

Bei den Damme waren d’Coureusen op enger Streck iwwer 116 Kilometer gefuerdert. Do huet sech zum Schluss d’Chloe Kosking aus Australien d’Victoire geséchert. Op déi zweete Plaz ass d’Chiara Consonni aus Italien komm an déi 3. Plaz huet sech d’Australierin Lauren Kitchen geséchert.

Back to Top
CIM LOGO