Tour de la ProvenceNairo Quintana feiert Victoire am General

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp wënnt den Owain Doull zu Aix-en-Provence. Den Ivan Centrone kënnt op déi 50. Plaz.

Op der 4. a leschter Etapp vum Tour de la Provence ass et fir d’Coureuren iwwer 170,5 Kilometer vun Avignon op Aix-en-Provence gaangen.

Kuerz virum Zil ass et zu engem Duell tëscht zwee Coureure komm, an deem sech zum Schluss den Owain Doull aus Wales virum Matthias Brändle aus Éisträich duerchgesat huet. Op déi drëtt Plaz ass den Ian Garrison mat engem Retard vun 2 Sekonne komm. Den Ivan Centrone ass mat engem Retard vun 1 Minutt a 40 Sekonnen als 50. iwwert d’Zil gefuer.

Am General steet den Nairo Quintana vum Team Arkéa Samsic mat engem Virsprong vun 1 Minutt a 4 Sekonnen op der éischter Plaz a gewënnt domat déi 5. Editioun vum Tour de la Provence. Op déi zweet Plaz kënnt de Aleksandr Vlasov aus Russland virum Alexey Lutsenko aus dem Kasachstan. Den Ivan Centrone steet um Enn op der 82. Plaz. De Lëtzebuerger hat e Retard vu 24 Minutten an 31 Sekonnen.

D’Top 10

1 Owain Doull (GBr) Team Ineos 04:07:32
2 Matthias Brändle (AUT) Israel Start-Up Nation 00:00:00
3 Ian Garrison (USA) Deceuninck - Quick Step 00:00:02
4 Romain Combaud (Fra) Nippo Delko Provence 00:00:02
5 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 00:00:06
6 Damien Touzé (Fra) Cofidis 00:00:06
7 Pascal Eenkhoorn (Ned) Team Jumbo - Visma 00:00:06
8 Magnus Cort Nielsen (Den) EF Pro Cycling 00:00:06
9 Kasper Asgreen (Den) Deceuninck - Quick Step 00:00:06
10 Quinn Simmons (USA) Trek - Segafredo 00:00:06

De General

Back to Top
CIM LOGO