Paris-Nice 7. EtappNairo Quintana wënnt lescht Etapp, Schachmann de General

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et op der leschter Etapp iwwer 166,5 Kilometer vun Nice op Valdeblore La Colmiane gaangen.
Cyclissem Video News
De Benoot konnt am General Zäit guttmaache, ass awer net un de Schachmann erukomm.

Nodeems e Freideg entscheet ginn ass déi 8. Etapp vun e Sonndeg ze annuléieren, stoung schonn e Samschdeg déi lescht Etapp um Programm.

Den Nairo Quintana huet sech en solitaire mat engem Virsprong vu 46 Sekonnen zu Valdeblore La Colmiane duerchgesat an déi lescht Etapp mat enger Victoire ofgeschloss.

De Bob Jungels ass mat engem Retard vu 6 Minutten a 35 Sekonnen als 23. an d’Zil komm an den Alex Kirsch ass déi lescht Etapp net op en Enn gefuer.

Am General bleift de Maximilian Schachmann aus Däitschland Leader a wënnt domat den Tour virum Tiesj Benot, dee mat engem Retard vun 18 Sekonnen op déi zweete Plaz kënnt.

De Bob Jungels gëtt am General de 15. mat engem Retard vun 10 Minutten a 36 Sekonnen.

Resumé vun der Etapp

Kuerz nom Depart krute sech 6 Coureure vum Peloton geléist. De Julian Alaphilippe, Nicolas Edet, Thomas De Gendt, Alberto Bettiol, Anthony Perez an den Aurélien Paret-Peintre konnte sech laang zesummen un der Spëtzt halen an e Virsprong vun tëschenzäitlech ronn 3 Minutten erausfueren.

Ronn 15 Kilometer virum Zil huet et dann den Thomas de Gendt mat enger Attack probéiert, wou ufanks just de Julian Alaphilippe an den Aurélien Paret-Peintre hannendru bleiwe konnten, méi spéit dann awer vum Groupe Maillot Jaune agefaange gi sinn.

Kuerz viru Schluss krut den Nairo Quintana sech da vum Grupp Maillot Jaune geléist a konnt den Thomas de Gendt un der Spëtzt afänken. 3 Kilometer ware just nach ze fueren a sou war et zum Schluss de Kolumbianer deen en solitaire als éischte Coureur op der Arrivée ukomm ass.

Top 10 vun der Etapp

1 NAIRO QUINTANA (TEAM ARKEA - SAMSIC) 04H 27' 01'’
2 TIESJ BENOOT (TEAM SUNWEB) + 00H 00' 46'’
3 THIBAUT PINOT (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 56'’
4 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA (EF PRO CYCLING) + 00H 00' 56'’
5 VINCENZO NIBALI (TREK - SEGAFREDO) + 00H 00' 56'’
6 MAXIMILIAN SCHACHMANN (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 58'’
7 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) + 00H 01' 19'’
8 TANEL KANGERT (EF PRO CYCLING) + 00H 01' 22'’
9 ROMAIN BARDET (AG2R LA MONDIALE) + 00H 01' 32'’
10 RUDY MOLARD (GROUPAMA - FDJ) + 00H 01' 32'’

General

Back to Top
CIM LOGO