Tour de la ProvenceNairo Quintana wënnt um Mont Ventoux an iwwerhëlt d'Féierung

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Ivan Centrone ass op der 3. Etapp vum Tour de Provence als 61. op knapp 13 Minutten iwwert d'Arrivée gefuer.
© AFP (Archiv)

Am Cyclissem huet de Kolumbianer Nairo Quintana e Samschdeg déi 3. Etapp vum Tour de la Provence gewonnen. De Coureur vun der Ekipp Arkéa-Samsic hat no 140 Kilometer uewen aus um Mont Ventoux e Virsprong vun 1 Minutt an 28 Sekonnen op de Kasach Alexey Lutsenko.

De Quintana huet duerch dës Victoire d’Féierung am General iwwerholl. Virun der leschter Etapp e Sonndeg huet hien e Virsprong vun 1 Minutt a 4 Sekonnen op den Aleksandr Vlasov.

Beim Tour de la Provence ass och ee Lëtzebuerger mat dobäi. Den Ivan Centrone huet e Samschdeg als 61. 12 Minutten an 48 Sekonne verluer. Am General ass hien den 90. op 22 Minutten a 57 Sekonnen.

Top10 vun der Etapp

1 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Team Arkéa - Samsic 3:36:26
2 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:01:28
3 Hugh Carthy (GBr) EF Pro Cycling 0:01:28
4 Aleksandr Vlasov (Rus) Astana Pro Team 0:01:28
5 Edward Dunbar (Irl) Team Ineos 0:02:11
6 Sepp Kuss (USA) Team Jumbo - Visma 0:02:12
7 Wilco Kelderman (Ned) Team Sunweb 0:02:12
8 Jesús Herrada (Esp) Cofidis 0:02:12
9 Thibaut Pinot (Fra) Groupama - FDJ 0:02:12
10 David Gaudu (Fra) Groupama - FDJ 0:02:25

De General

1 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Team Arkéa - Samsic 11:24:12
2 Aleksandr Vlasov (Rus) Astana Pro Team 0:01:04
3 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:01:28
4 Hugh Carthy (GBr) EF Pro Cycling 0:01:38
5 Wilco Kelderman (Ned) Team Sunweb 0:02:16
6 Edward Dunbar (Irl) Team Ineos 0:02:21
7 Thibaut Pinot (Fra) Groupama - FDJ 0:02:22
8 Sepp Kuss (USA) Team Jumbo - Visma 0:02:26
9 Jesús Herrada (Esp) Cofidis 0:02:26
10 David Gaudu (Fra) Groupama - FDJ 0:02:35

Back to Top
CIM LOGO