
Op Grond vu Corona-Infektiounen huet een deziméierte Peloton e Freideg den Depart vun der 6. Etapp vum Tour de Suisse geholl. Iwwer 177 Kilometer ass et vu Locarno erop op d’Moosalp gaangen.
D’Victoire huet sech op der Moosalp den Nico Denz geséchert. Den Däitschen huet sech op der Kinneksetapp aus der Echappée eraus am Sprint virum Fransous Clément Champoussin duerchgesat.
De Bob Jungels ass no enger weiderer gudder Leeschtung de 15. op zwou Minutten an 18 Sekonne ginn. Hien ass domadder nëmme 4 Sekonnen nom Jakob Fuglsang iwwert de wäisse Stréch gefuer.
Neie Leader am General ass de Jakob Fuglsang. Den Dän huet e Virsprong vun enger Sekonn op de Britt Geraint Thomas. De Bob Jungels ass den 11. op eng Minutt a 36 Sekonnen.
1 DENZ Nico Team DSM 5:11:14
2 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team ,,
3 HERRADA José Cofidis ,,
4 SIMMONS Quinn Trek - Segafredo ,,
5 MASNADA Fausto Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:11
6 PACHER Quentin Groupama - FDJ 1:33
7 THALMANN Roland Switzerland 1:46
8 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:14
9 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe ,,
10 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech ,,
11 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe ,,
12 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
13 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
14 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 2:18
15 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,
1 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech 27:30:30
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:01
3 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe 0:10
4 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 0:26
5 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 0:34
6 LEKNESSUND Andreas Team DSM 0:46
7 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:49
8 KRON Andreas Lotto Soudal 1:00
9 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 1:07
10 REICHENBACH Sébastien Groupama - FDJ 1:29
11 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 1:36