Fréiere CoureurNicolas Portal ass am Alter vu 40 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Fransous ass en Dënschdeg un engem Häerzinfarkt gestuerwen, dat am Alter vun nëmme 40 Joer.
© AFP

Hie war Directeur sportif bei Sky an dunn och dono bei Ineos. De Fransous huet seng Karriär als Sportler bei AG2R ugefaangen, dat am Joer 2002. Dono stoung hien nach bei Caisse d’Épargne a bei Sky ënner Kontrakt. Am Joer 2009 huet hien dunn och bei Sky ee Schlussstréch ënner seng Karriär gesat, dat wéinst Problemer mam Häerz.

Am Ganze war hie bei 7 Tour-de-France-Victoirë vun der Ekipp Sky/Ineos am Staff mat dobäi, dat an diverse Funktiounen.

Back to Top
CIM LOGO