
Den Giacomo Nizzolo konnt eng spannend Etapp um Enn am Sprint aus engem klenge Grupp eraus fir sech entscheeden. Bora-hansgrohe huet um Enn d’Etappevictoire verschenkt. Den Alex Kirsch gëtt de gudde 17. op 18 Sekonnen. De Bob Jungels gëtt de 66. op 2 Minutten an 21 Sekonnen an de Jempy Drucker den 83. op 3 Minutten a 5 Sekonnen.
Am General belift de Maximilian Schachmann vir, dat mat 15 Sekonnen Avance op den Giacomo Nizzolo an 21 op de Jasper Stuyven. Hei ass de Bob Jungels de 50. op 4 Minutten an 31 Sekonnen, de Jempy Drucker den 72. op 6 Minutten a 56 Sekonnen an den Alex Kirsch den 111. op 15 Minutten a 15 Sekonnen.
De Jonathan Hivert, dee sech e Sonndeg de Biergtrikot séchere konnt, huet direkt nom Depart attackéiert. Mat him zesummen huet sech de Jose Diaz Gallego aus dem Stëbs gemaach. Deemno gouf d’Etapp laang Zäit vun engem Spëtzenduo dominéiert. Fir den Hivert ass et virun allem drëms gaangen, seng Avance am Biergklassement ze vergréisseren. An dat ass him och gelongen, hie konnt nämlech 12 weider Punkte sammelen. 61 Kilometer virun der Arrivée goufe si dunn och nees vum Peloton ageholl.
Nodeems d’Coureuren et e puer Kilometer méi lues ugoe gelooss hunn, hu si du richteg uerdentlech an d’Pedalle gedréckt an do ass de Peloton ënnert anerem wéinst dem Wand an direkt e puer Gruppen zerfall. E groussen Undeel dorunner hat och den Alex Kirsch, deen zesumme mam Weltmeeschter Mads Pedersen immens vill Tempo gemaach huet.
Eng ganz Partie Coureure sinn aus diverse Grënn zeréckgefall, dorënner ënnert anerem och de Bob Jungels, den Nairo Quintana, de Julian Alaphilippe.
Knapp 11 Kilometer virun der Arrivée hunn Trek a Bora-hansgrohe op en Neits den Tempo ugezunn an esou ass den éischte Grupp och ëmmer nees méi kleng ginn. An dëser Phas huet dann och den Alex Kirsch misse lassloossen. De Grupp mam Bob Jungels, Nairo Quintana a Julian Alaphilippe hat zu dësem Zäitpunkt schonns iwwer 1 Minutt Retard.
Et war eng richteg spannend a séier Course, wou nëmmen déi stäerkste Coureure vir konnten dru bleiwen.
Bora-hansgrohe war mat 4 Leit vir vertrueden an um Enn huet den dräifache Weltmeeschter Peter Sagan de Sprint ugezu fir de Pascal Ackermann, ma dee konnt dat net ausnotzen, well den Giacomo Nizzolo konnt de Sprint fir sech entscheeden an d’Etapp gewannen. Eenzegt positiivt aus der Siicht vu Bora-hansgrohe um Enn ass, dass de Schachmann a Giel bleift.
1 Nizzolo Giacomo NTT Pro Cycling 3:49:57
2 Ackermann Pascal BORA - hansgrohe ,,
3 Stuyven Jasper Trek - Segafredo ,,
4 Politt Nils Israel Start-Up Nation ,,
5 Higuita Sergio EF Pro Cycling 10 ,,
6 Würtz Schmidt Mads Israel Start-Up Nation ,,
7 Nibali Vincenzo Trek - Segafredo 0:03
8 Schachmann Maximilian BORA - hansgrohe ,,
9 Großschartner Felix BORA - hansgrohe ,,
10 Neilands Krists Israel Start-Up Nation ,,
1 Schachmann Maximilian BORA - hansgrohe 7:22:06
2 Nizzolo Giacomo NTT Pro Cycling 0:15
3 Stuyven Jasper Trek - Segafredo 0:21
4 Higuita Sergio EF Pro Cycling 0:23
5 Politt Nils Israel Start-Up Nation 0:25
6 Würtz Schmidt Mads Israel Start-Up Nation ,,
7 Großschartner Felix BORA - hansgrohe 0:28
8 Neilands Krists Israel Start-Up Nation ,,
9 Nibali Vincenzo Trek - Segafredo ,,
10 Benoot Tiesj Team Sunweb 0:38