Critérium du Dauphiné: 8. EtappOp en Neits eng Victoire fir de Mark Padun, Richie Porte wënnt de General

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp vum Critérium du Dauphiné huet wéi och e Samschdeg de Mark Padun en solitaire gewonnen.
Critérium du Dauphiné - 8. Etapp
Mark Padun wënnt lescht Etapp an de Richie Porte d’Schlussvictoire.

E Sonndeg de Mëtteg ass et op der leschter Etapp vum Critérium du Dauphiné iwwer 147 Kilometer La Léchère-les-Bains op Les Gets gaangen. Net manner wéi 7 Koppen hunn op d’Coureure gewaart. Iwwerdeems un der Spëtzt sech de Mark Padun iwwerleeën d’Etappevictoire séchere konnt, gouf hannendrun de Richie Porte attackéiert. Um Enn sollt den Australier seng 1. Plaz awer verdeedegen a gewënnt de Critérium du Dauphiné virum Alexei Lutsenko (+17') an dem Geraint Thomas (+29').
De Michel Ries gouf ob der 8. a leschter Etapp eng ronn 21.5 km virun der Arrivée ofgehaangen a kënnt um Enn op d’Plaz 27. op iwwer 6 Minutten an de Kevin Geniets ass als 50. mat engem Retard vun 10 Minutten iwwer d’Arrivée gefuer.

Am General klasséiere sech de Ries an de Geniets op ronn 50 Minutten op de Plaze 60 a 61.

D’Top10

1 MARK PADUN (BAHRAIN VICTORIOUS) 4:06:49
2 JONAS VINGEGAARD (JUMBO - VISMA) 0:01:36
3 PATRICK KONRAD (BORA - HANSGROHE) 0:01:36
4 BEN O’CONNOR (AG2R CITROËN TEAM) 0:01:57
5 DAVID GAUDU (GROUPAMA - FDJ) 0:02:10
6 GERAINT THOMAS (INEOS GRENADIERS) 0:02:10
7 ALEXEY LUTSENKO (ASTANA - PREMIER TECH) 0:02:10
8 RICHIE PORTE (INEOS GRENADIERS) 0:02:10
9 JACK HAIG (BAHRAIN VICTORIOUS) 0:02:10
10 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) 0:02:10

De General

Back to Top
CIM LOGO