VëlossportParis-Roubaix gëtt wuel net den 11. Abrëll gefuer

RTL Lëtzebuerg
Dat melle jiddefalls verschidde Sourcen e Mëttwoch an der Mëttesstonn.
© AFP (Archiv)

Domat géife souwuel d’Dammen- wéi och d’Härecourse ausfalen a kéinte wéi d’lescht Joer am Hierscht nogeholl ginn. Schonn d’lescht Woch ware Rumeuren opkomm, datt opgrond vun den héije Coronazuelen am Norde vu Frankräich de Risiko vun enger Annulatioun géif bestoen.

Den Organisateur ASO soll e Mëttwoch op der Streck sinn an hofft, nach eng Léisung ze fannen, datt d’Coursse wéi geplangt kënne gefuer ginn.

Back to Top
CIM LOGO