
Bei engem spannende finale Sprint konnt de 26 Joer alen Däitschen d’Lück fannen an de Fernando Gaviria kuerz virum Zil iwwerhuelen a sech schliisslech sou déi éischt Plaz vun der Etapp a vum Klassement sécheren.
Den Alex Kirsch ass op der 40. Plaz iwwert d’Arrivée gefuer.
D’Course Tirreno-Adriatico sollt ufanks am Mäerz sinn, mä misst wéinst der Corona-Pandemie verréckelt ginn a gëtt dowéinst zäitgläich mam Tour de France gefuer. Et sinn am Ganzen 8 Etappen. Déi lescht Etapp gëtt de 14. September zu San Benedetto gefuer.
1 Ackermann Pascal (BORA - Hansgrohe) 10 2:57:45
2 Gaviria Fernando (UAE-Team Emirates) 0:04
3 Cort Magnus (EF Pro Cycling) 0:06
4 Sajnok Szymon CCC Team) 0:10
5 Cimolai Davide (Israel Start-Up Nation) ,,
6 Vendrame Andrea (AG2R La Mondiale) ,,
7 Rickaert Jonas (Alpecin-Fenix) ,,
8 Seigle Romain (Groupama - FDJ) ,,
9 Allegaert Piet (Cofidis, Solutions Crédits) ,,
10 Eenkhoorn Pascal (Team Jumbo-Visma) ,,