Clasica de AlmeriaPascal Ackermann wënnt de Klassiker zu Roquetas de Mar

RTL Lëtzebuerg
Mam Luc Wirtgen a mam Jempy Drucker sinn och zwee Lëtzebuerger a Spuenien un den Depart gaangen.

Op der 29. Editioun vum Klassiker an der spuenescher Provënz Almeria stounge fir d’Coureuren am Ganzen 187,6 Kilometer um Programm.

Mat engem Massesprint ass d’Course zu Roquetas de Mar op en Enn gaangen, an deem de Pascal Ackermann aus Däitschland zum Schluss d’Nues vir hat. Op déi zweet Plaz ass den Alexander Kristoff aus Norwegen komm, den Elia Viviani ass deen Drëtte ginn.

De Luc Wirtgen kënnt op déi 27. Plaz an de Jempy Drucker fiert mat engem Retard vun 32 Sekonnen als 76. an d’Zil. Den Drucker konnt sech deemno iwwert d’Victoire vu sengem Co-Equipier freeën.

D’Top10

1 Pascal Ackermann (Bora-Hansgrohe) 4:24:04
2 Alexander Kristoff (UAE Emirates) 0:00:00
3 Elia Viviani (Cofidis) 0:00:00
4 Danny van Poppel (Circus-Wanty Gobert) 0:00:00
5 Luka Mezgec (Mitchelton-Scott) 0:00:00
6 Amaury Capiot (Sport Vlaanderen-Baloise) 0:00:00
7 Clément Venturini (AG2R La Mondiale) 0:00:00
8 Rudy Barbier (Israel Start-Up Nation) 0:00:00
9 Juan José Lobato (Fundación-Orbea) 0:00:00
10 Thomas Boudat (Arkéa-Samsic) 0:00:00

Back to Top
CIM LOGO