Tour duerch KatalounienPeter Sagan wënnt am Sprint

RTL Lëtzebuerg
No 194 km koum et zum Sprint an do konnt sech de Peter Sagan virum Daryl Impey an dem Sebastian Molano duerchsetzen.
© AFP (archiv)

Op der 6. Etapp vum Tour duerch Katalounien ass et iwwer 194 km vun Tarragona op Matarò gaangen. Et war eng hiwweleg Etapp ouni allerdéngs ze schwéier fir d’Sprinter ze sinn. Um Enn koum et soumat dann och zum Sprint an do war et de Peter Sagan (Bora-Hansgrohe) dee sech virum Dary Impey (Israel Start-Up Nation) an dem Sebastian Molano duerchsetze konnt. Am General läit weider den Adam Yates (Ineos) op der 1. Plaz an huet e Virsprong vu 45 Sekonnen op säin Teamkolleg Richie Porte.

Mat der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner sinn och déi 3 Lëtzebuerger op d’Arrivée komm. De Ben Gastauer (AG2R) gëtt als beschte Lëtzebuerger de 56., de Bob Jungels (AG2R) kënnt op déi 63. Plaz an de Michel Ries (Trek-Segafredo) gëtt de 85..

Mat engem Retard vu 35 Minutten a 26 Sekonnen läit de Michel Ries op der 57. Plaz, de Bob Jungels huet als 62. e Réckstand vu 36 Minutten an 52 Sekonnen an de Ben Gastauer huet als 76. e Retard vu 46 Minutten a 37 Sekonnen.

D’Top10

1 Peter Sagan (Svk) Bora-Hansgrohe 4:23:18
2 Daryl Impey (RSA) Israel Start-up Nation
3 Juan Sebastian Molano Benavides (Col) UAE Team Emirates
4 Reinardt Janse Van Rensburg (RSA) Team Qhubeka Assos
5 Alexander Kamp (Den) Trek-Segafredo
6 Clement Venturini (Fra) AG2R Citroën Team
7 Max Kanter (Ger) Team DSM
8 João Almeida (Por) Deceuninck-QuickStep
9 Michael Valgren (Den) EF Education-Nippo
10 Maxim Van Gils (Bel) Lotto Soudal

De General

1 Adam Yates (GBr) Ineos Grenadiers 23:08:45
2 Richie Porte (Aus) Ineos Grenadiers 0:00:45
3 Geraint Thomas (GBr) Ineos Grenadiers 0:00:49
4 Alejandro Valverde (Spa) Movistar Team 0:01:03
5 Wilco Kelderman (Ned) Bora-Hansgrohe
6 Esteban Chaves Rubio (Col) Team BikeExchange 0:01:04
7 João Almeida (Por) Deceuninck-QuickStep 0:01:07
8 Hugh Carthy (GBr) EF Education-Nippo 0:01:20
9 Sepp Kuss (USA) Jumbo-Visma 0:01:29
10 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:01:32

Back to Top
CIM LOGO