
Do gouf de Pieter Serry nämlech vun engem Auto vun der Ekipp BikeExchange ugestouss. Zum Gléck koum de Belsch mat engem Schreck dovun a konnt kuerz drop nees weiderfueren.
D’Ekipp BikeExchange krut eng Strof vun 1.800 Euro a muss op der 7. Etapp ganz um Enn vun der Auto-Kolonn fueren. De Fuerer vum Auto an de sportleche Leeder vun der Ekipp, den Gene Bates, goufe vum Giro ausgeschloss.