
Vum 24. bis den 28. August soll zu Plouay an der Bretagne d’Europameeschterschaft am Cyclissem gefuer ginn, dat mat Lëtzebuerger Bedeelegung. An deem Kontext huet d’FSCL d’Lëscht mat der Preselektioun erausgi mat deene Coureuren, déi Enn August do un den Depart kéinte goen.
An der Stroossecourse wäert d’Lëtzebuerger Vëlosfederatioun bei de Junioren an den Espoire mat 6 Coureure vertruede sinn. Bei den Elite Dammen an de Juniorinne wäert eng Athletin un den Depart goen a bei den Espoirinne sinn et der zwou. Bei den Elite Häre si 4 Athleten nominéiert.
Déi definitiv Selektioun gëtt nom nationale Championnat den 23. August publizéiert.
PDF: Schreiwes vun der FSCL
Elite (m)
Jempy DRUCKER
Ben GASTAUER
Kevin GENIETS
Tom WIRTGEN
Elite (w)Espoirs (m)
Loïc BETTENDORFF
Ken CONTER
Colin HEIDERSCHEID
Rik KARRIER
Arthur KLUCKERS
Raphael KOCKELMANN
Misch LEYDER
Cédric PRIES
Luc WIRTGEN
Espoirs (f)
Nina BERTON
Claire FABER
Junioren (m)
Pol BRESER
Max GILLES
Jérôme JENTGEN
Tim KARRIER
Alexandre KESS
Gilles MINY
Tom PAQUET
Jo SCHMITZ
Noé URY
Mats WENZEL
Junioren (w)Marie SCHREIBER