Paris-Nice: 7. EtappPrimoz Roglic op en Neits de Stäerksten

RTL Lëtzebuerg
De Leader huet op deene leschte Meter den Gino Mäder iwwerholl a ka sech uewenaus zu Valdeblore la Colmiane duerchsetzen. De Bob Jungels gëtt 31..
Weider Victoire fir de Primoz Roglic bei Paris-Nice
De Leader huet op deene leschte Meter den Gino Mäder iwwerholl a ka sech uewenaus zu Valdeblore la Colmiane duerchsetzen. De Bob Jungels gëtt 31..

No de verschäerfte d’Corona-Restriktiounen am Departement Alpes-Maritimes ass d’Streck vun der 7. Etapp vu Paris-Nice kuerzfristeg verännert ginn. Fir Jungels, Kirsch a Co. ass et um Samschdeg op enger kuerzer a knackeger Etapp iwwer 119 Kilometer vu Le Broc op Valdeblore la Colmiane gaangen.

De Schwäizer Gino Mäder huet 5 km virun der Arrivée attackéiert an et huet laang dono ausgesinn, wéi wann de Coureur vu Bahrain-Victorious d’Etapp kéint fir sech entscheeden. Op deene leschte Meter ass awer nach de Primoz Roglic laanscht gezunn a konnt sech déi 3. Etappevictoire sécheren.

Den Alex Kirsch huet 15 km virun der Arrivée misse lassloossen. 1,5 km méi spéit huet och de Bob Jungels aus dem Peloton an der Schlussmontée misse lassloossen. Um Enn fiert hien op eng 31. Plaz mat engem Retard vu 4 Minutten a 30 Sekonnen.

De Leader am General ass nach ëmmer de Primoz Roglic. Hien huet e Virsprong vun 52 Sekonnen op de Maximilian Schachmann an 1 Minutt an 11 Sekonnen op den Aleksandr Vlasov. De Bob Jungels ass 30. am General op iwwer 7 Minutten. De Alex Kirsch ass op der Plaz 109.

D’Top10

1 PRIMOŽ ROGLIC (JUMBO - VISMA) 3:09:18
2 GINO MÄDER (BAHRAIN VICTORIOUS) 0:00:02
3 MAXIMILIAN SCHACHMANN (BORA - HANSGROHE) 0:00:05
4 LUCAS HAMILTON (TEAM BIKEEXCHANGE) 0:00:08
5 ALEKSANDR VLASOV (ASTANA - PREMIER TECH) 0:00:10
6 TIESJ BENOOT (TEAM DSM) 0:00:10
7 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) 0:00:15
8 ION IZAGUIRRE INSAUSTI (ASTANA - PREMIER TECH) 0:00:15
9 HARM VANHOUCKE (LOTTO SOUDAL) 0:00:22
10 JAI HINDLEY (TEAM DSM) 0:00:27

De General

1 PRIMOŽ ROGLIC (JUMBO - VISMA) 26:32:01
2 MAXIMILIAN SCHACHMANN (BORA - HANSGROHE) 0:00:52
3 ALEKSANDR VLASOV (ASTANA - PREMIER TECH) 0:01:11
4 ION IZAGUIRRE INSAUSTI (ASTANA - PREMIER TECH) 0:01:15
5 TIESJ BENOOT (TEAM DSM) 0:01:34
6 LUCAS HAMILTON (TEAM BIKEEXCHANGE) 0:01:34
7 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) 0:02:06
8 STEVEN KRUIJSWIJK (JUMBO - VISMA) 0:02:07
9 JACK HAIG (BAHRAIN VICTORIOUS) 0:02:10
10 MATTEO JORGENSON (MOVISTAR TEAM) 0:02:21

Back to Top
CIM LOGO