
Elo ass et d’Confirmatioun. “Ech ka confirméieren, dass ech d’Ekipp verloossen”, sou de Roglic e Samschdeg de Moie virum Depart vum Giro dell’Emilia.
Fir wéi eng Ekipp den Girogewënner an Zukunft fuere wäert, ass nach net bekannt. Eréischt um Enn vun der Saison wëllt sech de Roglic äusseren.
D’Ekipp Jumbo-Visma soll aktuell a Verhandlunge mat der Ekipp Soudal-QuickStep iwwer eng méiglech Fusioun vu béiden Ekippe sinn.