Vuelta ciclista a España: 21. EtappPrimoz Roglic wënnt de General - Fabio Jakobsen déi lescht Etapp

RTL Lëtzebuerg
De Slowen Primoz Roglic gewënnt d'Vuelta an domadder säin éischte groussen Tour. De Fabio Jakobsen sëtzt sech am Sprint duerch a wënnt déi lescht Etapp.
© AFP

Op der leschter an 21. Etapp ass et iwwer 106,6 km ganz flaach vun Fuenlabrada op Madrid gaangen woubäi zum Schluss 9 Tier vun 5,8 km gefuer goufen. Dëst ass wéi erwaart am Sprint op en Enn gaangen an do konnt sech de

Am Generalklassement huet sech wéi erwaart dann och näischt méi geännert an et ass de Slowen Primoz Roglic (Jumbo-Visma) dee sech mat engem Virsprong vun 2 Minutten an 33 Sekonnen op den Alejandro Valverde (Movistar) d’Victoire konnt sécheren. Dëst ass seng éischt Victoire an engem groussen Tour. Op déi drëtt Plaz koum dem Roglic säi Landsmann Tadej Pogacar (UAE Emirates) mat engem Retard vun 2 Minutten an 55 Sekonnen.

Och an der Punktewertung konnt sech de Primoz Roglic mat 155 Punkten duerchsetzen. D’Biergwertung gouf vum Franzous Geoffrey Bouchard (AG2R La Mondiale) mat 76 Punkten gewonnen. Am Klassement vum beschte jonke Coureur ka sech den 3. aus dem Generalklassement, Tadej Pogacar, duerchsetzen. Bescht Ekipp gëtt Movistar.

Klassement vun der 21. Etapp

1 FABIO JAKOBSEN (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 02H 48' 20'’
2 SAM BENNETT (BORA - HANSGROHE) 02H 48' 20'’
3 SZYMON SAJNOK (CCC TEAM) 02H 48' 20'’
4 JON ABERASTURI IZAGA (CAJA RURAL - SEGUROS RGA) 02H 48' 20'’
5 EDVALD BOASSON HAGEN (TEAM DIMENSION DATA) 02H 48' 20'’
6 EDWARD THEUNS (TREK - SEGAFREDO) 02H 48' 20'’
7 TOSH VAN DER SANDE (LOTTO SOUDAL) 02H 48' 20'’
8 CLEMENT VENTURINI (AG2R LA MONDIALE) 02H 48' 20'’
9 MARC SARREAU (GROUPAMA - FDJ) 02H 48' 20'’
10 DION SMITH (MITCHELTON - SCOTT) 02H 48' 20'’

Generalklassement

1 PRIMOŽ ROGLICTEAM JUMBO - VISMA83H 07' 14'’-
2 ALEJANDRO VALVERDEMOVISTAR TEAM83H 09' 47'’+ 00H 02' 33'’
3 TADEJ POGACARUAE TEAM EMIRATES83H 10' 09'’+ 00H 02' 55'’
4 NAIRO QUINTANAMOVISTAR TEAM83H 11' 00'’+ 00H 03' 46'’
5 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENOASTANA PRO TEAM83H 12' 02'’+ 00H 04' 48'’
6 RAFAL MAJKABORA - HANSGROHE83H 14' 47'’+ 00H 07' 33'’
7 WILCO KELDERMANTEAM SUNWEB83H 17' 18'’+ 00H 10' 04'’
8 CARL FREDRIK HAGENLOTTO SOUDAL83H 20' 08'’+ 00H 12' 54'’
9 MARC SOLERMOVISTAR TEAM83H 29' 41'’+ 00H 22' 27'’
10 MIKEL NIEVE ITURRALDEMITCHELTON - SCOTT83H 29' 48'’+ 00H 22' 34'’

Back to Top
CIM LOGO