
E Samschdeg de Moien eiser Zäit louch de Ralph Diseviscourt no 6 Stonnen um Vëlo un der Spëtzt vun der Course, gouf dunn awer an eng Chute verwéckelt an huet missen opginn. Hie war bis dohi 144 Meilen (ronn 231 Kilometer) gefuer.
Nodeems Den Ultra-Cyclist an e sougenannte Liegerad gerannt war, dat lues ënnerwee an och nach schlecht beliicht war, gouf de Ralph Diseviscourt doropshin an e Spidol ageliwwert. Do gouf elo e Broch vum Schlësselbee festgestallt. Eng Operatioun sief awer net néideg.
No der Hallschent vun der Course läit den zweete Lëtzebuerger Coureur op der 34. Plaz. De Romain Possing huet no 12 Stonnen ronn 350 Kilometer an de Been.
Hei kënnt Dir live suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an de Romain Possing dru sinn.
24-Stonne-Weltmeeschterschaft: Ralph Diseviscourt a Romain Possing zu Borrego Spring um Depart