
No 2 Joer ouni Course wéinst der Corona-Pandemie war de Ralph Diseviscourt déi lescht Deeg nees bei enger Ultracyclissem-Competitioun am Asaz. U sech wollt den “Dizzy” dëst Joer bei der Trans-Siberian-Extreme un den Depart goen, ma well dorausser näischt ginn ass, huet hie sech een alternativ Programm iwwerluecht.
Als éischt war dat elo den Depart bei der Race Across Belgium. Ronn 1.000 Kilometer mat ville kuerzen awer géie Koppen a Pawee-Secteuren hunn op d’Coureure gewaart. Déi grouss Monumenter vun ënnert anerem de belsche Klassiker Tour des Flandres a Léck-Baaschtnech-Léck hunn net gefeelt. Ënnert anerem waren ze bewältegen: Kemmelberg, Molenberg, Oude Kwaremont, Paterberg, Koppenberg, Taaienberg, Mur de Grammont, Bosberg, Citadelle de Namur, Triple Mur de Monty, Roche-à-Frêne, Thier de Coo, Stockeu, Maquisard, Redoute, Roche aux Focans a Mur de Huy.
En Donneschdeg ass de Startschoss gefall an no 42 Stonnen, 49 Minutten a 45 Sekonnen ass de Ralph Diseviscourt e Samschdeg de Moie fréi als Éischten am Zil ukomm.