
Red Bull plangt fir 51% bei der däitscher Ekipp ze iwwerhuelen. Vun der Ekipp vum Lëtzebuerger Bob Jungels koum d’Confirmatioun, datt een e Partenariat envisagéiert.
Zënter kuerzem steet jo och den Giro-Gewënner Primož Roglič bei Bora-hansgrohe ënner Kontrakt.
Red Bull trëtt bis ewell als grousse Sponsor an der Formel 1 an och am Futtball op. Am Vëlossport huet een den Ament just vereenzelt Sportler ënner Kontrakt. Zu dëse gehéieren den däitsche Bora-hansgrohe Profi Anton Palzer wéi och d’Top-Stars Wout Van Aert an Thomas Pidcock.