
Op der leschter Etapp vum Tour duerch d’Algarve waren d’Coureure bei engem Zäitfueren iwwer 20,3 Kilometer gefuerdert. De Remco Evenepoel huet sech mat engem Virsprong vu ronn 9 Sekonnen virum Rohan Dennis aus Australien behaapt a wënnt domat nieft dem Zäitfueren och den Tuer duerch d’Algarve am General.
Am Zäitfueren hu sech béid Lëtzebuerger direkt hannertenee placéiert. De Kévin Geniets kënnt mat engem Retard vun 1 Minutt an 41 Sekonnen op déi 48. Plaz, de Jempy Drucker mat zwou Sekonne méi op der Auer op déi 49. Plaz.
Am General steet de Kévin Geniets zum Schluss op der 22. Plaz an de Jempy Drucker op der Plaz 82.
1 Remco Evenepoel (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:24:07,814
2 Rohan Dennis (Aus) Team Ineos 0:00:09,615
3 Stefan Küng (SUI) Groupama - FDJ 0:00:18,236
4 Maximilian Schachmann (GER) Bora - Hansgrohe 0:00:37,729
5 Miguel Angel Lopez Moreno (Col) Astana Pro Team 0:00:37,764
6 Michal Kwiatkowski (Pol) Team Ineos 0:00:37,932
7 Patrick Bevin (NZl) CCC Team 0:00:38,078
8 Yves Lampaert (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:45,515
9 Nils Politt (GER) Israel Start-Up Nation 0:00:47,003
10 Mads Würtz Schmidt (Den) Israel Start-Up Nation 0:00:47,578
48 Kévin Geniets (Lux) Groupama - FDJ 0:01:41,188
49 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:01:43,750