Tour Down UnderRichie Porte séchert sech d'Schlussvictoire

RTL Lëtzebuerg
Beim Tour Down Under an Australien kommen déi zwee Lëtzebuerger Ben Gastauer a Michel Ries um Enn op d'Plazen 92 an 109.
© AFP

Beim Tour Down Under am Cyclissem huet de Mathew Holmes déi 6. Etapp gewonnen. De Britt hat no 151 Kilometer uewen aus um Willunga Hill e Virsprong vun 3 Sekonnen op de Richie Porte. Den Australier huet sech mat dëser zweeter Plaz op der leschter Etapp och d’Schlussvictoire geséchert.

De Michel Ries ass um Sonndeg den 106. op iwwer 9 Minutte ginn, fir de Ben Gastauer ass et déi 111. Plaz op iwwer 10 Minutten.

Am General gëtt de Ben Gastauer um Enn den 92. op iwwer 19 Minutten an de Michel Ries deen 109. op iwwer 26 Minutten.

Topp10 vun der Etapp

1 Matthew Holmes (GBr) Lotto Soudal 3:24:54
2 Richie Porte (Aus) Trek - Segafredo 0:00:03
3 Manuele Boaro (Ita) Astana Pro Team 0:00:04
4 Bruno Armirail (Fra) Groupama - FDJ 0:00:07
5 Michael Storer (Aus) Team Sunweb 0:00:07
6 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:07
7 Simon Geschke (GER) CCC Team 0:00:07
8 Rohan Dennis (Aus) Team Ineos 0:00:07
9 Dylan Van Baarle (Ned) Team Ineos 0:00:07
10 Simon Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:23

Schlussklassement

1 Richie Porte (Aus) Trek - Segafredo 20:37:08
2 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:25
3 Simon Geschke (GER) CCC Team 0:00:25
4 Rohan Dennis (Aus) Team Ineos 0:00:25
5 Dylan Van Baarle (Ned) Team Ineos 0:00:25
6 Daryl Impey (RSA) Mitchelton - Scott 0:00:30
7 Simon Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:37
8 George Bennett (NZl) Team Jumbo - Visma 0:00:46
9 Lucas Hamilton (Aus) Mitchelton - Scott 0:00:52
10 Hermann Pernsteiner (AUT) Bahrain - McLaren 0:00:54

Back to Top
CIM LOGO