
Den 33 Joer ale Sloween gëtt domat Coequipier vum Bob Jungels. De Roglic huet a senger Karriär 4 grouss Tier gewonnen (3x Vuelta, 1x Giro) a konnt am Trikot vu Jumbo-Visma net manner wéi 70 Coursse gewannen. Zanter 2016 war de fréiere Schisprénger fir déi hollännesch Ekipp gefuer a stoung bei der vergaangener Vuelta hannert sengen eegenen zwee Coequipiere Kuss a Vingegaard um Podium.