Tour de France: 4. EtappRoglic éischten um Bierg, Alaphilippe bleift a Giel

Tom Flammang
En Dënschdeg goung et iwwer 160,5 Kilometer vu Sisteron op Orcières Merlette, engem Bierg vun der Kategorie 1.

Quasi mam Start huet sech eng kleng Grupp vu 6 Leit ofgesat, déi sech och séier e Polster konnten erausfueren. De Peloton huet richteg misste kämpfen, fir hire Virsprong ze verklengeren. Ënner anerem de Bob Jungels huet hei vill geschafft, fir sécherzestellen, datt säin Teamkolleeg Julian Alaphilippe och den nächsten Dag nach am gielen Trikot ka fueren. Mat dem Tempo hu se eppes iwwer 7 Kilometer virun der Arrivée d’Echappée agefaangen an esou war et elo un de Favoritten, dës Etapp ënnert sech auszemaachen.

Do hat de Roglic déi beschte Been, dat virum Pogacar an dem Guillaume Martin. Leader am General bleift awer weider den Alaphilippe. De Bob Jungels kënnt als 66. iwwert d’Linn, dat mat engem Retard vun iwwer 5 Minutten.

Journal du Tour mat der 4. Etapp vum TDF
Haut konnt sech de Primoz Roglic duerchsetzen, den Julian Alaphilippe bleift weider a Giel.

De Resumé

Kuerz nom Start huet sech eng Grupp vu 6 Leit, dorënner den Nils Politt an den Alexis Vuillermoz, vum Peloton ofgesat. Séier hate si en Avantage vun 3 Minutten an 30 Sekonnen a konnten dee bis op bal 4 Minutten ausbauen, bis de Peloton den Tempo selwer erhéicht huet. Um Col du Festre, eppes iwwer 90 Kilometer virun der Arrivée, haten déi 6 Mann un der Spëtzt nach 2 Minutten a 55 Sekonnen Avance op de Peloton. An der Descente huet d’Echappée dunn nees Zäit gutt gemaach, och wéinst engem Nils Politt, dee sech esouguer iwwer 20 Sekonnen op déi aner Leit un der Spëtzt konnt erausfueren, gouf awer nach virun der nächster Kopp nees agefaangen.

Den Ecart un der Spëtzt ass weider erofgaangen, awer dat just lues. 45 Kilometer virun der Arrivée, an och mat nach dräi Koppe viru sech, hate si nach knapp 2 Minutten an 30 Sekonnen Avance. Si halen den Tempo héich fir esou déi eege Chance op eng Victoire z’erhalen. Am Peloton war et d’Ekipp vum Bob Jungels Deceuninck QuickStep, déi Tempo gemaach hunn. Dat fir de giele Maillot vum Julian Alaphilippe ze verdeedegen.

Bal 25 Kilometer virun der Arrivée an der Descente vun der Côte de Saint-Léger-les-Mélèzes erof ass den Tiesj Benoot iwwert d’Leitplank gefall. De Coureur vu Sunweb huet säi Vëlo doropshi misste wiesselen, ma hien hat den Uschloss un d’Echappée verluer, déi nach knapp 1 Minutt a 50 Sekonnen Avance op de Peloton haten. An der Echappée huet och den Nils Politt, dee vill fir säin Teamkolleeg Krists Neilands geschafft huet, lassloossen. Am Peloton war et ënner anerem de Lëtzebuerger Bob Jungels, dee probéiert huet, den Tempo héich ze halen.

Den Neilands huet sech kuerz virun der zweetleschter Kopp ofgesat an esou probéiert, fir d’Etapp eleng ze gewannen. 14 Kilometer virun der Arrivée hat hien 2 Minutten an 23 Sekonne Virsprong op de Peloton an 20 Sekonnen op de Rescht vun der Echappée. Ma de Virsprong ass séier gefall an eppes iwwer 7,3 Kilometer virun der Arrivée gouf den Neilands vum Gros vum Peloton agefaangen. Ugefouert gouf de Peloton zu deem Ament ënner anerem vum Lëtzebuerger Bob Jungels, deen den Tempo bis ronn 4,5 Kilometer virun der Arrivée diktéiert a sech dono zeréckfale gelooss huet. D’Top-Coureuren hunn dunn d’Course ënnert sech ausgemaach an déi beschte Been hat de Primoz Roglic, deen eng drëtte Kéier a senger Karriär eng Etapp konnt gewannen. Op d’Plaz 2 kënnt den Tadej Pogacar, Drëtte gëtt de Guillaume Martin.

D’Top10

1 Primoz Roglic (TJV) 4:07:47
2 Tadej Pogacar (UAD) 0:00:00
3 Guillaume Martin (COF) 0:00:00
4 Nairo Quintana Rojas (PCB) 0:00:00
5 Julian Alaphilippe (DQT) 0:00:00
6 Miguel Angel Lopez Moreno (AST) 0:00:00
7 Egan Arley Bernal Gomez (INE) 0:00:00
8 Thibaut Pinot (GFC) 0:00:00
9 Mikel Landa Meana (TBM) 0:00:00
10 Adam Yates (MTS) 0:00:00
...
66 Bob Jungels (DQT) 0:05:12

De General

1 Julian Alaphilippe (DQT) 13:59:17
2 Adam Yates (MTS) 0:00:04
3 Primoz Roglic (TJV) 0:00:07
4 Tadej Pogacar (UAE) 0:00:11
5 Guillaume Martin (COF) 0:00:13
6 Egan Arley Bernal Gomez (INE) 0:00:17
7 Tom Dumoulin (TJV) 0:00:17
8 Johan Esteban Chaves Rubio (MTS) 0:00:17
9 Nairo Quintana Rojas(PCB) 0:00:17
10 Miguel Angel López Moreno (AST) 0:00:17
...
56 Bob Jungels (DQTP) 0:12:29

Back to Top
CIM LOGO