
E Mëttwoch goung et iwwer 54 Kilometer vun Northallerton op Harrogate. No 16 flaache Kilometer koumen e puer Wellen, ma et ware keng laang a keng schwéier Koppen.
Bei der éischter Tëschenzäit no 16,5 Kilometer huet et schonns gutt ausgesi fir den Titelverdeedeger Rohan Dennis. Den Australier hat hei schonns 18 Sekonnen Avance op de jonke Remco Evenepoel. De Belsch hat sengersäits nach eng Sekonn Avance op säi Landsmann Victor Campenaerts.
Tëscht der éischter an der zweeter Tëschenzäit konnt de Rohan Dennis esouguer de Victor Campenaerts, deen 1 Minutt virun him gestart ass, iwwerhuelen, esou dass schonn emol kloer war, dass Campenaerts net méi ëm den Titel matfuere kéint.
No 37,5 Kilometer war dunn déi zweet Tëschenzäit an och do war de Dennis dee Séiersten an dat elo schonns ganz kloer, do hat hien nämlech 1 Minutt a 5 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel.
Den Australier huet sech seng Avance bis op d’Arrivée net méi huele gelooss a wënnt um Enn ganz souverän mat enger Avance vun 1 Minutt an 9 Sekonnen op den 19 Joer alen Evenepoel. De Podium gëtt komplettéiert vum Filippo Ganna aus Italien.
De Bob Jungels hat e Mëttwoch net dee beschten Dag erwëscht an hat näischt mam Ausgank vum Contre-la-montre ze dinn. Fir de Lëtzebuerger Champion war et een enttäuschenden Dag. Um Enn kënnt de Coureur vun der Ekipp Deceuninck Quick-Step op déi 34. Plaz mat engem Retard vu 5 Minutten a 36 Sekonnen.
E Samschdeg iwwerdroe mir da vu 15 Auer un d’Dammen-Course live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Stream op RTL.lu. Dat selwecht gëllt fir d’Hären-Course e Sonndeg och vu 15 Auer un.
1 DENNIS Rohan AUS 1:05:05,35 (49,778 km/h)
2 EVENEPOEL Remco BEL + 1:08,93
3 GANNA Filippo ITA + 1:55,00
4 BEVIN Patrick NZL + 1:57,16
5 DOWSETT Alex GBR + 2:01,77
6 CRADDOCK G Lawson USA + 2:07,27
7 KANGERT Tanel EST + 2:07,60
8 OLIVEIRA Nelson POR + 2:09,80
9 MARTIN Tony GER + 2:27,14
10 KUNG Stefan SUI + 2:46,66
11 CAMPENAERTS Victor BEL + 2:49,52
12 ROGLIC Primoz SLO + 3:00,14
13 DURBRIDGE Luke AUS + 3:00,77
14 ARCHIBALD John GBR + 3:10,93
15 van BAARLE Dylan NED + 3:36,48
16 AFFINI Edoardo ITA + 3:37,21
17 ASGREEN Kasper DEN + 3:37,77
18 LATOUR Pierre FRA + 3:44,58
19 HAGA Chad USA + 3:57,07
20 BODNAR Maciej POL + 4:00,31
21 van EMDEN Jos NED + 4:01,47
22 POLITT Nils GER + 4:10,20
23 GRADEK Kamil POL + 4:12,20
24 CASTROVIEJO Nicolas Jonathan ESP + 4:18,73
25 LUTSENKO Alexey KAZ + 4:29,11
26 DUNBAR Edward IRL + 4:46,81
27 HOULE Hugo CAN + 4:57,22
28 THOMAS Benjamin FRA + 4:57,86
29 MADSEN Martin Toft DEN + 4:58,19
30 MARTINEZ POVEDA Daniel Felipe COL + 5:04,62
31 KIRYIENKA Vasil BLR + 5:15,69
32 MULLEN Ryan IRL + 5:16,02
33 BARTA Jan CZE + 5:21,92
34 JUNGELS Bob LUX + 5:36,70
35 IMHOF Claudio SUI + 6:11,50
36 TRATNIK Jan SLO + 6:14,50
37 FOMINYKH Daniil KAZ + 6:50,40
38 CERNY Josef CZE + 6:55,61
39 MAS BONET Luis Guillermo ESP + 7:01,96
40 BRANDLE Matthias AUT + 7:22,15
41 de BOD Stefan RSA + 7:25,63
42 EVTUSHENKO Alexander RUS + 8:14,45
43 SEPULVEDA Eduardo ARG + 8:44,18
44 FENG Chun Kai TPE + 9:22,25
45 NAVARDAUSKAS Ramunas LTU + 10:35,75
46 CULLY Jan Andrej SVK + 10:54,44
47 KHALMURATOV Muradjan UZB + 12:13,71
48 LAMPAERT Yves BEL + 13:16,01
49 AGUSTSSON Runar Orn ISL + 14:44,96
50 WAIS Ahmad Badreddin SYR + 14:45,37
51 GROSU Eduard-Michael ROU + 14:54,95
52 MINO BAEZ Gustavo Adolfo PAR + 15:30,81
53 ALKHALAIFAH Khaled KUW + 15:32,88
54 ALALI Saied Jafer KUW + 15:51,75
55 COETZEE Dirk NAM + 15:54,51
56 JASER Nazir SYR + 24:57,74
57 SYSMONDS Christopher GHA + 28:15,40