Tour duerch KatalounienRohan Dennis wënnt 2. Etapp, Joao Almeida neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Op der zweeter Etapp vum Tour duerch Katalounien stoung een Zäitfueren iwwer 18,5 Kilometer um Programm.
Den neie Leader Joao Almeida.
Den neie Leader Joao Almeida.
© AFP

De Rohan Dennis huet en Dënschdeg beim Tour duerch Katalounien déi zweet Etapp gewonnen. Den Australier war iwwert déi 18,5 Kilometer fënnef Sekonne méi séier wéi de Fransous Rémi Cavagna. Op déi drëtte Plaz ass de Joao Almeida mat engem Retard vun 28 Sekonne gefuer. De Portugis iwwerhëlt domadder d’Féierung am General. Hien huet eng Avance vun enger Sekonn op den US-Amerikaner Brandon McNulty.

De Bob Jungels ass en Dënschdeg deen 39. op eng Minutt an 22 Sekonne ginn. Fir de Ben Gastauer war et déi 65. Plaz op eng Minutt an 53 Sekonnen. De Michel Ries huet sech als 99. op zwou Minutten an 29 Sekonne klasséiert.
Am General ass de Jungels den 90. op 9 Minutten 08, de Ries den 122. op 12 Minutten 53 an de Gastauer den 139. op 15 Minutten 43.

D’Top 10 vun der Etapp

1 DENNIS Rohan INEOS Grenadiers 0:22:27 49.443
2 CAVAGNA Rémi Deceuninck - Quick Step 0:05 49.260
3 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 0:28 48.436
4 MCNULTY Brandon UAE-Team Emirates 0:29 48.401
5 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma 0:33 48.261
6 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:35 48.191
7 YATES Adam INEOS Grenadiers ,, 48.191
8 ČERNÝ Josef Deceuninck - Quick Step 0:38 48.087
9 DE BOD Stefan Astana - Premier Tech 0:39 48.052
10 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:47 47.776

De General

1 27 ▲26 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 4:43:26
2 46 ▲44 MCNULTY Brandon UAE-Team Emirates 0:01
3 2 ▼1 SÁNCHEZ Luis León Astana - Premier Tech 0:03
4 38 ▲34 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma 0:05
5 41 ▲36 YATES Adam INEOS Grenadiers 0:07
6 53 ▲47 PORTE Richie INEOS Grenadiers ,,
7 49 ▲42 DE BOD Stefan Astana - Premier Tech 0:11
8 30 ▲22 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:19
9 43 ▲34 MASNADA Fausto Deceuninck - Quick Step 0:21
10 4 ▼6 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 0:22

Back to Top
CIM LOGO