
D’Ekipp AG2R La Mondiale, déi vun nächstem Joer un AG2R-Citroën wäert heeschen, huet de Belsch Greg Van Avermaet, deen 2017 d’Course Paris-Roubaix gewonnen hat, fir 3 Joer ënner Kontrakt geholl. De 35 Joer alen olympesche Champion soll dem Bardet seng Plaz iwwerhuelen. De Bob Jungels ass och am Gespréich, fir bei AG2R La Mondiale ze wiesselen. RTL-Informatiounen no géifen awer och nach Kontraktsgespréicher mat senger aktueller Ekipp Decueninck-Quick Step lafen, wéi och mat anere ProTour-Ekippen.
De Fransous, deen am Ganzen 9 Saisone bei der franséischer Ekipp war, an 2 Mol um Podium vum Tour de France stoung (2. Plaz 2016 an 3. Plaz 2017), wiesselt bei déi däitsch Ekipp Sunweb, déi onbedéngt ee Spezialist fir Etappecoursse gebraucht hunn zanter dem Depart vum Tom Dumoulin d’lescht Saison.
Et wier wichteg gewiescht fir de Bardet, eng Ekipp ze fannen, déi him déi bescht Technologie a Material kéint ubidden a wou hien och kéint starten ouni spezifesch Ziler. Si géinge sech op d’Fundamenter konzentréieren a kucken, fir an alle Secteure besser ze ginn, sou de Fransous an engem Communiqué.