Brugge - De PanneSam Bennett séchert sech d'Victoire am Sprint

RTL Lëtzebuerg
De Sprinter vun der Ekipp Deceuninck-Quick-Step huet sech virum Jasper Philipsen an dem Pascal Ackermann behaapt.
Sam Bennett wënnt Brugge - De Panne
De Sprinter vun der Ekipp Deceuninck-Quick-Step huet sech virum Jasper Philipsen an dem Pascal Ackermann behaapt.

E Mëttwoch stoung am Vëlossport d’Classic Brugge - De Panne an der Belsch um Programm. Iwwer 209 Kilometer ass et vu Brugge op De Panne gaangen. Déi bescht Sprinter waren dëst Joer um Depart an esou war et dann och de Fall, datt d’Decisioun um Enn am Sprint gefall ass. Hei war et de Sam Bennett, deen um Enn déi beschte Been hat. Den Ir huet sech souverän virum Jasper Philipsen aus der Belsch an dem Pascal Ackermann aus Däitschland duerchgesat.

Bei der Course war och ee Lëtzebuerger um Depart. De Jan Petelin ass den 42. op 12 Sekonne ginn.

Bei den Damme gëtt d’Course Brugge - De Panne en Donneschdeg gefuer. Hei ass d’Lëtzebuerger Championne Christine Majerus mat hirer Ekipp SD Worx um Depart.

E Freideg steet mat der Eendagescourse E3 bei den Häre schonn déi nächst Course um Programm. Iwwer 203 Kilometer geet et vun Harelbeke op Harelbeke. Mat dobäi sinn de Jempy Drucker, de Kevin Geniets, den Alex Kirsch, de Luc Wirtgen an de Jan Petelin. D’Course gëtt live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

D’Top vun der Härecourse

1 BENNETT Sam Deceuninck - Quick Step 4:27:40
2 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix ,,
3 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe ,,
4 NIZZOLO Giacomo Team Qhubeka ASSOS ,,
5 DUPONT Timothy Bingoal - Wallonie Bruxelles ,,
6 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,
7 BOL Cees Team DSM ,,
8 MØRKØV Michael Deceuninck - Quick Step ,,
9 VIVIANI Elia Cofidis, Solutions Crédits ,,
10 ANIOŁKOWSKI Stanisław Bingoal - Wallonie Bruxelles ,,

Back to Top
CIM LOGO