Et war eng turbulent Etapp, wou den Tempo am Peloton de ganzen Dag relativ héich war. Deemno haten zwar zwee Coureure probéiert, sech ofsetzen, se sollten awer net laang un der Spëtzt bleiwen. Um Enn gouf et ee Massesprint, wou sech de Sam Bennett duerchsetze konnt. De Bob Jungels gëtt den 92. op 5 Minutten a 25 Sekonnen.
Am General bleift de Primoz Roglic de Leader, dat virum Egan Bernal an dem Guillaume Martin. Hei ass de Bob Jungels elo den 51. op 59 Minutten an 13 Sekonnen.
Direkt nom Depart koum eng Attack aus dem Peloton vun de Schwäizer Stefan Küng a Michael Schär. Déi zwee Schwäizer haten eng maximal Avance vun 2 Minutten, allerdéngs ass de Peloton en immens héijen Tempo gefuer, esou dass déi Avance nees séier geschmolt ass a si nees ageholl goufen. Am Peloton hu virun allem Deceuninck-Quick Step a Jumbo-Visma uerdentlech an d’Pedalle gedréckt, esou dass eng ganz Partie Coureuren ofgehaange goufen. No knapp 77 Kilometer war awer nees alles beieneen.
Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée koum dunn nees Beweegung an de Peloton. Duerch de staarke Wand an den héijen Tempo un der Spëtzt vum Peloton, ass dësen nees explodéiert. Hei waren et virun allem Jumbo-Visma an Ineos, déi e groussen Undeel dorun haten, dass eng ganz Partie Coureuren zeréckgefall sinn.
Mat héijer Vitess ass et dunn och weider bis op d’Arrivée gaangen, wou et schlussendlech zu engem Massesprint koum. Hei war de Sam Bennett dee Séiersten, dat virum Caleb Ewan an dem Peter Sagan.
LINK: Maacht mat beim RTL Tour de France Quiz a gewannt e flotte Präis
1 Sam Bennett (Irl) Deceuninck - Quick Step 3:35:22
2 Caleb Ewan (Aus) Lotto Soudal 0:00:00
3 Peter Sagan (Svk) Bora - Hansgrohe 0:00:00
4 Elia Viviani (Ita) Cofidis 0:00:00
5 Mads Pedersen (Den) Trek - Segafredo 0:00:00
6 André Greipel (GER) Israel Start-Up Nation 0:00:00
7 Bryan Coquard (Fra) B&B Hotels - Vital Concept 0:00:00
8 Cees Bol (Ned) Team Sunweb 0:00:00
9 Jasper Stuyven (Bel) Trek - Segafredo 0:00:00
10 Luka Mezgec (Slo) Mitchelton - Scott 0:00:00
1 Primož Roglic (Slo) Team Jumbo - Visma 38:40:01
2 Egan Bernal (Col) Ineos Grenadiers 0:00:21
3 Guillaume Martin (Fra) Cofidis 0:00:28
4 Romain Bardet (Fra) AG2R La Mondiale 0:00:30
5 Nairo Quintana (Col) Team Arkéa - Samsic 0:00:32
6 Rigoberto Uran (Col) EF Pro Cycling 0:00:32
7 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:00:44
8 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:01:02
9 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 0:01:15
10 Mikel Landa (Esp) Bahrain - McLaren 0:01:42