Tour de Wallonie: 3. EtappSam Bennett wënnt Massesprint, Arnaud Démare neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
Beim Tour de Wallonie war en Dënschdeg déi 3. Etapp. Et goung iwwer 192 Kilometer vu Montzen op Visé.
© AFP

Bei der 41. Editioun vum Tour de Wallonie si mam Tom Wirtgen (Bingoal) a Kevin Geniets (Groupama FDJ) och 2 Lëtzebuerger um Depart.

Déi drëtt Etapp gouf am Massesprint vum Sam Bennett gewonnen, dat virum Arnaud Démare an dem John Degenkolb. De Kevin Geniets kënnt op déi 27. Plaz mat engem Retard vun enger Sekonn an den Tom Wirtgen gëtt den 58. op 2 Minutten a 37 Sekonnen.

Am General läit elo den Arnaud Démare op der Spëtzepositioun. De Kevin Geniets ass hei den 28. op 17 Sekonnen an den Tom Wirtgen ass den 53. op 2 Minutten an 51 Sekonnen.

Topp-10 vun der 3. Etapp

1 Bennett Sam Deceuninck - Quick Step
2 Démare Arnaud Groupama - FDJ
3 Degenkolb John Lotto Soudal
4 Trentin Matteo CCC Team
5 Capiot Amaury Sport Vlaanderen - Baloise
6 Vendrame Andrea AG2R La Mondiale
7 Haller Marco Bahrain - McLaren
8 Krieger Alexander Alpecin-Fenix
9 Planckaert Baptiste Bingoal - Wallonie Bruxelles
10 Venturini Clément AG2R La Mondiale

De General no der 3. Etapp

1 Démare Arnaud Groupama - FDJ 5 12:57:28
2 Capiot Amaury Sport Vlaanderen - Baloise 0:16
3 Fouché James Hagens Berman Axeon ,,
4 Venturini Clément AG2R La Mondiale 0:17
5 Naesen Oliver AG2R La Mondiale ,,
6 Van Avermaet Greg CCC Team ,,
7 Biermans Jenthe Israel Start-Up Nation ,,
8 Naesen Lawrence AG2R La Mondiale ,,
9 Vliegen Loïc Circus - Wanty Gobert ,,
10 van der Lijke Nick Riwal Readynez Cycling Team ,,

Back to Top
CIM LOGO