
D’Victoire huet sech de Fransous Samuel Leroux geséchert. Zäitgläich sinn de Schwäizer Stefan Bissegger an de Belsch Dries de Bondt iwwert d’Arrivée gefuer.
Leader am General bleift den Etappegewënner vun e Freideg de Mads Pedersen. Hien huet eng Avance vu 6 Sekonnen op den Axel Laurance an 12 Sekonnen op de Kévin Vauquelin.
Den Arthur Kluckers huet als 29. 2 Sekonne verluer. Den nämmlechte Retard hat de Kevin Geniets als 44.. Den Alex Kirsch huet als 95. 2 Minutten a 35 Sekonne verluer. Am General läit de Geniets op der 4. Plaz op 16 Sekonnen. De Kluckers ass de 40. op 1 Minutt an 28 Sekonnen an de Kirsch ass de 66. op 4 Minutten a 36 Sekonnen.