Tour duerch KolumbienSchlussvictoire fir den Higuita, Jungels op Plaz 66

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend ass den Tour duerch Kolumbien no 6 Etappen op en Enn gaangen. D'Victoire um leschten Dag war fir den Daniel Felipe Martinez.
© AFP (Archiv)

Op der 6. a leschter Etapp am Tour duerch Kolumbien ass et iwwer hiwweleg 182 Kilometer vun Zipaquira op El Once Verjon gaangen. Um Enn konnt sech de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez d’Victoire sécheren, dat mat engem Virsprong vun enger Sekonn op säi Landsmann a Co-Equipier Sergio Higuita. Den Higuita huet sech domadder och d’Schlussvictoire geséchert.

De Bob Jungels huet op der leschter Etapp als 82. 16 Minutten an 49 Sekonne verluer.

Am Schlussklassement huet den Higuita um Enn eng Avance vu 7 Sekonnen op den Daniel Felipe Martinez. Den Ecuadorianer Jonathan Caicedo huet sech mat engem Retard vun 33 Sekonnen déi 3. Plaz geséchert.

De Bob Jungels kënnt um Enn op déi 66. Plaz, dat mat engem Retard vun 18 Minutten an 49 Sekonnen.

Topp 10

1 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) EF Pro Cycling 4:24:09
2 Sergio Andres Higuita Garcia (Col) EF Pro Cycling 0:00:01
3 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Ineos 0:00:03
4 Miguel Eduardo Florez Lopez (Col) Androni Giocattoli - Sidermec 0:00:09
5 Jonathan Caicedo (Ecu) EF Pro Cycling 0:00:14
6 Robinson Eduardo Chalapud Gomez (Col) Team Medellin 0:00:52
7 Hernan Ricardo Aguirre Caipa (Col) Colombia Tierra de Atletas - GW Bicicletas 0:01:08
8 Diego Andres Camargo Pineda (Col) Colombia Tierra de Atletas - GW Bicicletas 0:01:16
9 Fredy Emir Montaña Cadena (Col) EPM - Scott 0:01:16
10 Johan Esteban Chaves Rubio (Col) Nationalmannschaft Kolumbien 0:01:16

Schlussklassement

Back to Top
CIM LOGO