CyclocrossScott Thiltges wënnt mat iwwer 1 Minutt Avance zu Keel

Tom Flammang
Den 2. gouf iwwerdeems de Lex Reichling an den Tristan Parrotta war krank - hien ass deemno net un den Depart gaangen.
De Scott Thiltges war de Gewënner bei der Elite
Bei den Damme konnt sech d’Nina Berton duerchsetzen.

E Samschdeg gouf zu Keel déi 3. Course vun der nach neier Cyclocross-Saison gefuer. Nodeems den Tristan Parrotta déi zwee viregt Weekender zu Bruch respektiv zu Miersch erfollegräich konnt gestallten, war dësen e Samschdeg awer net um Depart - e war krank.

Um Enn konnt sech de Scott Thiltges op iwwer 1 Minutt virun der Konkurrenz bei der Elite behaapten. Op de Podium koum iwwerdeems nach de Lex Reichling als 2.

Bei de Juniore gouf et eng Victoire vum Arno Wallenborn virum Geoffrey Rausch aus der Belsch an dem Tom Paquet. De Raphael Pirron konnt sech bei de Masters virum Mario Matijevic a Serge Bertemes als 1. Lëtzebuerger behaapten. D’Victoire bei den Debutante goung iwwerdeems un de Mathieu Kockelmann a bei den Damme war d’Nina Berton déi Séierst.

Back to Top
CIM LOGO