
Zu Pontchâteau a Frankräich ass dëse Weekend d’Europameeschterschaft am Cyclocross. E Sonndeg de Moien huet d’Marie Schreiber eng ganz staark Leeschtung an der Course vun den U23-Damme gewisen a sech mat der Sëlwermedail belount. D’Lëtzebuergerin hat no ronn 49 Minutte Course e Réckstand vu 34 Sekonnen op déi nei Europameeschterin Zoe Backstedt aus Groussbritannien. D’Kristyna Zemanova huet sech mat engem Retard vun enger Minutt an 11 Sekonne Bronze geséchert.
D’Marie Schreiber hat e gudden Depart an huet sech am éischten Tour direkt un d’Spëtzt gesat. Zesumme mat der Brittin Zoe Backstedt konnt sech d’Lëtzebuergerin vum Rescht vun de Konkurrentinnen ofsetzen. Wärend der Course huet d’Féierung tëscht béiden Athletinnen ëmmer nees gewiesselt. Am drëtte vu sechs Tier huet d’Zoe Backstedt dunn awer attackéiert an ass e Lach op d’Marie Schreiber erausgefuer. An der Hallschent vun der Course hat d’Brittin eng Avance vu 24 Sekonnen op d’Lëtzebuergerin. D’Zoe Backstedt huet bis zum Schluss hiren Trëtt duerchgezunn a sech kee Feeler geleescht, sou datt si um Enn verdéngt d’Goldmedail gewënnt. D’Marie Schreiber ka sech iwwer Sëlwer freeën.
D’Hollännerin Leonie Bentveld an d’Tschechin Kristyna Zemanova hu sech laang een Duell ëm d’Bronzemedail geliwwert. Am zweetleschten Tour konnt sech d’Tschechin dunn allerdéngs ofsetzen an huet domadder de Podium komplettéiert.

E Sonndeg de Moie war aus Lëtzebuerger Siicht och nach de Rick Meylender bei de Junioren um Depart. Hien ass de 54. ginn an hat e Réckstand vu 5 Minutten a 14 Sekonnen op den Europameeschter Aubin Sparfel aus Frankräich.