Tirreno-AdriaticoSimon Yates gewënnt déi 5. Etapp an iwwerhëlt d'Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Den Geraint Thomas ass op der Etapp, déi vun Norcia bis Sassotetto iwwer 202 Kilometer gefuer gouf, Zweete ginn. De Rafal Majka ass 3. ginn.
© AFP (Archiv)

Op der 5. Etapp vum Tirreno-Adriatico huet sech e Freideg de Simon Yates d’Victoire geséchert. De Coureur vu Mitchelton-Scott huet sech en solitaire mat engem Virsprong vu 35 Sekonne virum Geraint Thomas duerchgesat. Als Drëtten ass de Rafal Majka iwwert d’Arrivée gefuer. Och hien hat e Retard vu 35 Sekonnen.

Am General ass elo de Simon Yates op der 1. Plaz virum Rafal Majka a virum Geraint Thomas.

Den Alex Kirsch ass op der 92. Plaz iwwert d’Arrivée gefuer an ass aktuell den 80. am General.

Déi 10 éischt vun der 5. Etapp:

1 Yates Simon (Mitchelton-Scott) 5:30:43
2 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) 0:35
3 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) ,,
4 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) 0:39
5 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 0:54
6 Knox James (Deceuninck - Quick Step) 0:58
7 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) 1:00
8 Hindley Jai (Team Sunweb) 1:05
9 Brambilla Gianluca (Trek - Segafredo) 1:11
10 Meintjes Louis (NTT Pro Cycling) 1:46

Déi 10 éischt vum General:

1 Yates Simon (Mitchelton-Scott) 23:36:59
2 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) 0:16
3 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) 0:39
4 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) 0:49
5 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) 0:54
6 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 1:00
7 Knox James (Deceuninck - Quick Step) 1:21
8 Woods Michael (EF Pro Cycling) 1:22
9 Brambilla Gianluca (Trek - Segafredo) 2:28
10 Haig Jack (Mitchelton-Scott) 2:44

Back to Top
CIM LOGO