
Op der 14. Etapp sinn d’Coureure vu Clermont - Ferrand op Lyon gefuer. D’Schlussphas vun dëser Etapp war eng ganz spannend, bei där sech um Enn den Dän Sören Kragh Andersen vum Team Sunweb als Éischten op der Ligne Arrivée konnte feiere loossen. Puer Sekonnen hannert him kënnt de Luka Mezgec op déi 2. Plaz.
Am General bleift alles beim Alen. De Primoz Roglic bleift am Maillot Jaune virun der schwéieren Etapp e Sonndeg huet hien eng Avance vu 44 Sekonnen op den Tadej Pogacar.
De Lëtzebuerger Bob Jungels kënnt op déi 48. Plaz, dat mat engem Retard vu 15 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger de 47. op iwwer eng Stonn an 23 Minutten.
Virun der Etapp gouf et fir eis franséisch Noperen eng schlecht Nouvelle, dat well de Romain Bardet no senger Chute vun e Freideg mat enger Gehiererschütterung um Samschdeg net méi un den Depart gaangen ass.
Fréi an der Etapp hu sech mam Stefan Küng (Groupama - FDJ) an Edward Theuns (Trek - Segafredo) 2 Coureure konnte vum Peloton ofsetzen. An der éischter Schwieregkeet vum Dag erop de Col de Béal awer konnt den Edward Theuns den Tempo vum Stefan Küng net méi matgoen.
Am Peloton huet Bora-Hansgrohe an der Montée erop fir op de Col de Béal 120 km virun der Arrivée ferm fir Tempo gesuergt an esou déi reng Sprinter ronderëm de Maillot Vert Sam Bennett ofgehaangen. Et war fréi ze gesinn, dass de Peter Sagan haut Punkte wollt gutt maachen op de Gréngen Trikot.
80 km virun der Arrivée ass de Stefan Küng du vum Peloton agefaange ginn. Un der Spëtzt ass weiderhin Bora-Hansgrohe an d’Ekipp vum Primoz Roglic Jumbo-Visma gefuer.
Op deene leschte 15 km stoungen dunn 2 Koppe vun der 4 Kategorie um Programm. De Peloton ass mat immens héijer Vitesse eragefuer. Et war dunn de Belsch Tiesj Benoot (Sunweb), deen attackéiert huet an e klengt Lach erausfuere konnt.
5 km virun der Arrivée war et eng zolidd Attack vum Julien Alaphilippe. Hie konnt dann och relativ séier bei den Tiesji Bennot opschléissen. Peter Sagan a Marcell Hirschi hunn awer net nogekuckt a konnte mat e puer weidere Coureuren opschléissen. An du koum et zur entscheedender Attack vum spéidere Gewënner, dem Sören Kragh Andersen. Kee weidere Coureur konnt op seng Attack reagéieren an d’Lach zoufueren. En solitaire wënnt den Dän virum Luka Mezgec (Mitchelton - Scott) a Simone Consonni.
Am General bleift alles beim Alen. De Primoz Roglic bleift am Maillot Jaune virun der schwéieren Etapp e Sonndeg huet hien eng Avance vu 44 Sekonnen op den Tadej Pogacar.
De Lëtzebuerger Bob Jungels kënnt op déi 48. Plaz, dat mat engem Retard vu 15 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger de 47. op iwwer eng Stonn an 23 Minutten.
1 SØREN KRAGH ANDERSEN ( TEAM SUNWEB ) 04h 28' 10'’
2 LUKA MEZGEC ( MITCHELTON - SCOTT ) + 00h 00' 15'’
3 SIMONE CONSONNI ( COFIDIS ) + 00h 00' 15'’
4 PETER SAGAN ( BORA - HANSGROHE ) + 00h 00' 15'’
5 CASPER PHILLIP PEDERSEN ( TEAM SUNWEB ) + 00h 00' 15'’
6 JASPER STUYVEN ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 00' 15'’
7 MATTEO TRENTIN ( CCC TEAM ) + 00h 00' 15'’
8 OLIVER NAESEN ( AG2R LA MONDIALE ) + 00h 00' 15'’
9 SONNY COLBRELLI ( BAHRAIN - MCLAREN ) + 00h 00' 15'’
10 MARC HIRSCHI ( TEAM SUNWEB ) + 00h 00' 15'’
1 PRIMOŽ ROGLIC ( TEAM JUMBO - VISMA ) 61h 03' 00'’
2 TADEJ POGACAR ( UAE TEAM EMIRATES ) + 00h 00' 44'’
3 EGAN BERNAL ( INEOS GRENADIERS ) + 00h 00' 59'’
4 RIGOBERTO URAN ( EF PRO CYCLING ) + 00h 01' 10'’
5 NAIRO QUINTANA ( TEAM ARKEA - SAMSIC ) + 00h 01' 12'’
6 MIGUEL ANGEL LOPEZ ( ASTANA PRO TEAM ) + 00h 01' 31'’
7 ADAM YATES ( MITCHELTON - SCOTT ) + 00h 01' 42'’
8 MIKEL LANDA ( BAHRAIN - MCLAREN ) + 00h 01' 55'’
9 RICHIE PORTE ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 02' 06'’
10 ENRIC MAS ( MOVISTAR TEAM ) + 00h 02' 54'’