
Op der 4. Etapp vum BinckBank Tour stoung e Freideg zu Riemst een Zäitfueren iwwer 8,14 Kilometer um Programm. De Sören Kragh Andersen huet sech um Enn duerchgesat. Den Dän hat e Virsprong vu 6 respektiv 7 Sekonnen op déi zwee Schwäizer Stefan Küng a Stefan Bissegger.
Leader am General bleift den Dän Mads Pedersen. De Coureur vun Trek-Segafredo huet e Virsprong vu 7 Sekonnen op säi Landsmann Sören Kragh Andersen.
Beschte Lëtzebuerger war e Freideg de Kevin Geniets, dat mat engem Retard vu 35 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass de 27. op 37 Sekonne ginn. De Jempy Drucker huet als 46. 45 Sekonne verluer an den Tom Wirtgen hat als 83. e Réckstand vun 58 Sekonnen.
Am General ass den Alex Kirsch elo de 14. op 44 Sekonnen, de Jempy Drucker ass den 23. op 52 Sekonnen, fir de Kevin Geniets ass et déi 56. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt a 34 Sekonnen an den Tom Wirtgen läit aktuell op der 67. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt a 57 Sekonnen.
E Samschdeg steet déi lescht Etapp gefuer.
1 Kragh Andersen Søren Team Sunweb 50 50 48.922 9:59
2 Küng Stefan Groupama - FDJ 20 30 48.436 0:06
3 Bissegger Stefan EF Pro Cycling 8 18 48.356 0:07
4 Pedersen Mads Trek - Segafredo 13 48.197 0:09
5 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix 10 47.882 0:13
6 Sütterlin Jasha Team Sunweb 7 47.571 0:17
7 Steimle Jannik Deceuninck - Quick Step 4 47.417 0:19
8 Lampaert Yves Deceuninck - Quick Step 3 47.341 0:20
9 Walscheid Max NTT Pro Cycling 2 47.265 0:21
10 Laporte Christophe Cofidis, Solutions Crédits 1 47.265 ,,
1 1 - Pedersen Mads Trek - Segafredo 6:35:31
2 35 ▲33 Kragh Andersen Søren Team Sunweb 0:07
3 30 ▲27 Küng Stefan Groupama - FDJ 0:13
4 12 ▲8 Bissegger Stefan EF Pro Cycling 0:14
5 6 ▲1 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix 0:17
6 2 ▼4 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates 0:19
7 7 - Lampaert Yves Deceuninck - Quick Step 0:24
8 15 ▲7 Walscheid Max NTT Pro Cycling 0:28
9 5 ▼4 Teunissen Mike Team Jumbo-Visma 0:30
10 14 ▲4 Sénéchal Florian Deceuninck - Quick Step 0:31