Mountain-BikeSören Nissen bei der Swiss Epic an der Schwäiz am Asaz

RTL Lëtzebuerg
De Sören Nissen geet zesumme mam Belsch Frans Claes bei der Swiss-Epic un den Depart. Et riskéiert déi eenzeg Course vum Joer ze bleiwen.
© RTL-Archiv

Op der Strooss ginn zanter ronn engem Mount nees Coursse gefuer. Am Mountain-Bike ass dat awer nach net de Fall. Déi éischte grouss Course fänkt awer dësen Dënschdeg un. D’Swiss-Epic an der Schwäiz. Zesumme mam Belsch Frans Claes geet de Sören Nissen un den Depart. An déi zwee hunn och Ambitiounen.

De Sören Nissen nees am Asaz / Reportage vum Rich Simon

Deen Duo sollt och schonns zesummen d’Cap-Epic a Süd-Afrika fueren. Wéinst dem Coronavirus gouf dës Course awer och ofgesot. An der Schwäiz gëtt awer elo gefuer. De Sören Nissen geet awer dovunner aus, dass et praktesch déi eenzeg grouss Course wäert sinn, déi dëst Joer ka gefuer ginn.

Sören Nissen: Ech mengen Swiss-Epic ass déi éischt no Corona awer ech mengen och déi lescht. An Däitschland leeft näischt an och an der Belsch näischt. Dat wäert also eng vun deene leschten dëst Joer sinn.

Well bis elo keng Coursse konnte gefuer ginn ass d’Starterfeld extrem gutt besat.

Sören Nissen: Mir hu gekuckt wat méiglech wier. Et ass ee ganz héijen Niveau dëst Joer. Well am Cross-Country, d’Olympesch Disziplin, alles ofgesot ass, hu mir einfach Weltstaren um Start wéi den Olympiagewënner Nino Schurter. Factory Teams wéi Trek a Scott sinn hei.

Dat leschte Joer hunn de Frans Claes an de Sören Nissen d’Kinnéksetapp konnte fir sech entscheeden. Och dëst Joer wëlle si op sech opmierksam maachen.

Sören Nissen: Fir d’éischt probéiere mir ee gutt Generalklassement ze maachen. Wann dat net klappt, esou wéi dat leschte Joer, da kucke mir fir villäicht eng Etapp ze gewannen.

5 Etappen sti bei der Swiss-Epic um Programm mat am Ganzen 320 Kilometer an 12.250 Héichtemeter. Den Depart ass zu Laax an d’Arrivée zu Davos.

Back to Top
CIM LOGO