
Bei der Europameescherschaft am Cyclissem zu Plouay huet d’Marie Schreiber e Freideg eng staark Leeschtung an der Course vun de Juniorinne gewisen. D’Lëtzebuergerin ass no 68 Kilometer am Sprint als 7. iwwert d’Arrivée gefuer. D’Eleonora Gasparrini hat déi séierste Been an huet sech d’Goldmedail geséchert. D’Plazen zwee an dräi si fir déi zwou Belsch Marith Vanhove a Katrijn De Clercq.
1 GASPARRINI Eleonora Camilla (ITA) 1:54:22
2 VANHOVE Marith (BEL) +0:00
3 DE CLERCQ Katrijn (BEL) +0:00
4 SQUIBAN Maeva (FRA) +0:00
5 CAMPOS Daniela (POR) +0:00
6 GEURTS Mijntje (NED) +0:00
7 SCHREIBER Marie (LUX) +0:00
8 BURLOVÁ Kristýna (CZE) +0:00
9 UIJEN Elise (NED) +0:00
10 DE WILDE Julie (BEL) +0:00