Tour de FranceSteven Kruijswijk wäert net bei der Grande Boucle dobäi sinn

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Coureur vu Jumbo-Visma en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt. Wärend dem Dauphiné hat hien eng Chute, déi nach ganz heele misst.
© AFP

No senger Chute wärend dem Critérium du Dauphiné hat hie gehofft, dass hie beim Tour de France kéint dobäi sinn, mä d’Blessur wier awer méi schlëmm, wéi si gehofft haten. Hien huet ee Broch an der Schëller an aner méi kleng Blessuren.

De Steven Kruijswijk konzentréiert sech elo op seng Erhuelung, fir kënnen am Giro d’Italia op 100 Prozent ze sinn. Hie wier ganz enttäuscht a wënscht senger Ekipp vill Gléck fir den Tour de France, sou de Coureur.

Hie war zejoert 3. ginn am Generalklassement vum Tour de France.

Back to Top
CIM LOGO