Vëlossport: 18. Editioun vum Festival Elsy JacobsDen 2. an 3. Mee fueren e puer vun de weltbeschten Ekippen zu Garnech an zu Zéisseng

Charel Meyers
Tom Flammang
Den éischte Weekend am Mee ass déi 18. Editioun vum traditionelle Festival Elsy Jacobs. Nieft enger Rei international renomméierten Ekippen ass och eng Nationalekipp mat lëtzebuergeschen Dammen dobäi.
Vëlossport: 18. Editioun vum Festival Elsy Jacobs
Den 2. an 3. Mee fueren e puer vun de weltbeschten Ekippen zu Garnech an zu Zéisseng

Fir déi 18. Kéier organiséiert den SaF Zéisseng de Festival Elsy Jacobs. D'Elsy Jacobs war 1958 Weltmeeschterin an der Stroossecourse vun de Fraen an hat och de Stonne-Weltrekord op der Bunn. Den 2. an den 3. Mee sinn nees e puer vun deene beschten Ekippen aus dem Damme-Vëlossport mat dobäi. Samschdes gëtt d'Course zu Garnech, der fréierer Heemecht vum Elsy Jacobs, gefuer. Den Dag drop dann zu Zéisseng.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass nieft der nationaler Championne Marie Schreiber, déi an hirer Ekipp SD Worx - Protime un den Depart geet, och eng Nationalekipp um Depart. Dës fiert als Mixte-Ekipp zesumme mat Island. Do fueren d'Nina Berton, déi rezent ganz staark an de Klassiker gefuer ass, d'Mäithé Barthels an d'Lena Lallemang mat. D'Gwen Nothum an d'Layla Barthels komme mat hiren auslänneschen Ekippen op Lëtzebuerg.

Déi 2 Courssen:

Samschdeg, 2. Mee: Garnech - Garnech (112,4KM) - Depart 13:30

Sonndeg, 3. Mee: Zéisseng - Zéisseng (121,6KM) - Depart 13:30

Béid Coursse kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO